Fërderung vun der Sprooch, dem Liesen an den Emotiounsreguléierungsfäegkeeten duerch Partnerschafte mat Organisatiounen.
GEMENGEN
Integréiere vun evidenzbaséierten Approchen a Bildungs- a Betreiungsstrukture fir Kanner, fir nohalteg an effektiv Léieren ze fërderen.
ELTEREN & PROFESSIONELLER
Ënnerstëtzung vu Kanner beim Liese léieren a Fërderung vum allgemenge Wuelbefannen, andeems pädagogesch Ressource fir Elteren a Professioneller ugebuede ginn.
DAUCHT AN AN D'WELT VUM EVIDENZBASÉIERTEM LÉIEREN!
Kontaktéiert eis an entdeckt, wéi eis Léierléisungen a Berodung Är Léiererfarungen optimiséiere kënnen.
Eisen LALA-Programm, mat der interaktiver Léier-App “LALA an d´ Buschtawen”, entféiert d’ Kanner an déi faszinéierend Welt vum Liesen.
D´ Kanner entdecke spilleresch d’ Basis vum Liese léieren an d’ Magie vun de Buschtawen. Mam LALA gëtt d’ Liese léieren zu enger spannender Aventure, an där d’ Kanner duerch spillen, léieren an hir Fantasie entfale kënnen.
FËRDERT D´WUELBEFANNEN AN D´EMOTIOUNS-REGULATIOUN MAT “ALL DAG E SUPERHELD”!
Ressourcë fir Professioneller déi sozial-emotionaalt Léieren an hiren Unterrecht oder Gruppenaktivitéite wëllen integréieren a fir Elteren déi d´ emotional Entwécklung vun hirem Kand doheem wëllen ënnerstëtzen.
Encouragéiert alldeeglech Reflexioun a Selbstbewosstsinn a kreéiert en interaktiivt an ënnerstëtzend Léierëmfeld.
EMOTIOUNS-SUPERHELDEN
Hëlleft de Kanner hir Emotiounen ze steieren an ze verstoe wat am Kierper a Gehier geschitt wann se grouss Emotiounen oder Stress erliewen.
SPEZIFIZITÉITEN
Uechtsamkeetstagebuch Ressourcë fir Professioneller an Elteren Méisproocheg
ËNNERSTËTZ D´ KANNER DOBÄI, SUPERHELDE VUN HIREN EEGENEN EMOTIOUNEN ZE GINN!
We use cookies to ensure the proper functioning of our website and to analyse our traffic. For more information, please see our Privacy Policy.AcceptDeclinePrivacy policy