LUMI ass eng Société d’Impact Sociétal (SIS) mat 100% sozialem Impakt an unerkanntem Allgemengwuelstatus.
Op dem Schnëttpunkt vu Wëssenschaft, Psychologie, Educatioun, an Technologie gouf LUMI als Fuerschungs-Spin-Off vun der Uni Lëtzebuerg gegrënnt, fir Fuerschung a praktesch Uwendungen ëmzesetzen a moossbare sozialen Impakt ze kreéieren.
Eng Rees vun dausend Meile fänkt matt engem éischte Schrëtt un.
Eis Rees fänkt mat der Entwécklung vun der “LALA Early Literacy Intervention” un, déi op der Uni Lëtzebuerg getest gouf an zu wëssenschaftleche Publikatioune gefouert huet (Engel de Abreu et al.,2020; Wealer, 2019).
De Fuerschungsprojet POLILUX op der Uni Lëtzebuerg, mat der Ënnerstëtzung vum FNR, ass ausschlaggebend fir d´Entwécklung vun der MOLLY Oral Language Intervention, déi speziell fir Kanner aus sproochleche Minoritéiten entwéckelt gouf.
FNR Proof-of-Concept Grants erméiglechen et de Wëssenschaftlerinne vun der Uni Lëtzebuerg d’Faisabilitéit an d’Potenzial vun hiren neien Technologien an Innovatiounen ze exploréieren fir d’Léieren an d’Entwécklung vun de Kanner ze ënnerstëtzen.
“D’LALA Early Literacy Intervention” gewënnt de prestigiéisen FNR Präis fir déi bescht Fuerschungs-baséiert Innovatioun.
FNR-ënnerstëtzte Fuerschung op der Uni Lëtzebuerg zielt dorop of d’Virdeeler vun der präisgekréinter LALA Interventioun an den digitale Beräich ze iwwerdroen.
No enger erfollegräicher proof-of-concept Evaluatioun gëtt LUMI gegrënnt, mam Zil Fuerschungsresultater a konkret Uwendungen ëmzesetzen.
LUMI gewënnt de StartupsVsCovid19 Concours vun der Lëtzebuerger Regierung, an ënnerstëtzt d’Entwécklung vun innovative Léisunge fir déi sozial Erausfuerderunge vum Covid-19 unzegoen.
LUMI gewënnt den TouchBase Social Entrepreneur Programm ënnerstëtzt vum Social Business Incubator vun der Lëtzebuerger Regierung.
LUMI kritt de Status als SIS an d´utilité publique vun der Lëtzebuerger Regierung akkreditéiert.
LUMI publizéiert “All Dag e Superheld”, entstanen aus der Fuerschung iwwer d’mental Gesondheet an dem Wuelbefanne vun de Kanner.
Gemenge schaffe matt LUMI zesumme fir Liesschwieregkeeten ze bekämpfen.
Mat der Ënnerstëtzung vu philanthropeschen Organisatioune verëffentlecht LUMI d’LALA Léier App.